Vläicht vermësst du deng Bomi oder däi Bopi. Da mol hinnen ee flott Bild. Hei ass eng Iddi.
Mol eng Blumm mat engem Still a mat e puer Säitestiller oder lued der eng vun dese Virlagen erof an dréck se aus.






Mat Fangerfaarf, Gouache oder Waasserfaarf kanns du dann d’Bléien dobäistempelen. Du kanns mol den Daum, mol den Zeigefanger oder ofwiesselend een anere Fanger benotzen. Wiessel och d’Faarf oder mësch se vun Hell op donkel andeems du e bësse wäiss oder schwaarz Faarf dobäigëss .
Hei dann e puer Beispiller un deenen s du dech inspiréiere kanns:
Eng Blumm mat Fangerfaarf














