Looss der d’Ee erausdrécken oder virmolen – dann huel en Toiletterullo, Faarwen, eng Schéier, Pech an e faarwege Karton – an da lass:

Stempel mat engem eidelen Toiletterullo schwarz Rondlen op deng Virlag mam Ee 
Et ass net schlëmm, wann dat net exakt ass. Herno schneids du d’Ee nämlech eraus 
all eenzel Form déi mam Rullo entstan ass, molst du lo faarweg. 
ëmmer méi an ëmmer méi …. 
…et fänkt schon un zimlech gutt auszegesinn 
….uff, gepackt! Lo ass d’Ee ganz faarweg! 
Lo brauchs du nach e farwege Kartonspobeier, Pech an eng Schéier. 
Schnéid däin Ee aus a pech et op. Voilà!
Dës Iddi hunn ech gesinn, selwer ausprobéiert a flott fonnt. Bei weem dës Iddi entstanen ass, wees ech leider net …
Vill Spaass!
…en Ouschteree molen mat Toiletterullo an Faarwen
